Inklusiounsagent (m/w)

Den Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) Inclusion preparéiert ënner anerem op d‘Ënnerstëtzung vu Kanner mat besonnesche Bedierfnesser an der formaler a non-formaler Educatioun.

 

Aarbechtsplazen

  • Grondschoulen (A-EBS);
  • Secondaire (Service socio-éducatif, SePAS, ESEB);
  • Kompetenzzentren a spezialiséierter Psychopedagogik;
  • non formal an inklusiv Bildungs- a Betreiungsariichtungen (Maison relais, Crèche, Mini-Crèche);
  • Betreiungsdégschter fir Persoune mat Behënnerungen;
  • Logementsstrukture fir Persoune mat Behënnerungen;
  • perséinlech Assistenz.

Missiounen am Bildungssystem

  • Persoune mat besonnesche Besoine begleede fir dass si um deegleche Liewen deelhuele kënne, do wou si wëllen;
  • a multidisziplinären Ekippe schaffen.

Studien

D’Formatioun geet iwwer dräi Joer. Dat éischt Joer ass Vollzäit an der Schoul mat zwee Stage vun all Kéiers véier Wochen. Dat zweet an dat drëtt Joer sinn am duale System ënner Léiervertrag mat zwee Deeg an der Woch am Lycée an dräi Deeg am Ausbildungsbetrib.

Den DAP Inclusioun gëtt op Däitsch an dëse Lycéeën ugebueden: 

  • Lycée du Nord Wiltz;
  • Lycée Bel-Val;
  • Bouneweger Lycée Luxembourg;
  • École privée Sainte-Anne.

D’beruffsbegleedend Formatioun gëtt vun der École nationale pour adultes (ENAD) ugebueden a leeft iwwer dräi Joer ënner Léiervertrag mat zwee Schouldeeg an der Woch an dräi Deeg am Betrib.

Dir hutt weider Froen?

Maison de l’orientation
29, rue Aldringen
L-1118 Luxembourg

Tel. (+352) 80 02 81 81
E-Mail: info@maison-orientation.public.lu
Internetsite: www.maison-orientation.lu

Ëffnungszäiten: méindes bis freides vun 10:00 bis 12:00 Auer a vun 13:00 bis 17:00 Auer (mat Ausnam vum Guichet „Études supérieures”, deen nëmmen nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer op ass)

D’Maison de l’orientation ass eng staatlech Administratioun, déi ëffentlech Acteuren aus dem Beräich vun der schoulescher a berufflecher Orientatioun ënnert engem Daach gruppéiert. An hirem Beräich „Orientation” kënne Bierger ouni Rendezvous d’ganzt Joer iwwer (och wärend de Schoulvakanzen) ënnert dem Respekt vum Anonymat en éischt Orientatiounsgespréich féieren.

 

 

Aktualiséiert